Pubquiz @ bistro kaell, waarken
Klassescht Pubquiz-Format. Lëtzebuergesch.
Zënter 2009 ass de Klot Kieffer de Quiz Master fir Lëtzebuerg. Komm eemol laanscht, spill mat, oder organiséier e Quiz mam Klot fir dech, däi Club oder Betrib.
Wa scho Quiz, da wéinstens Quiz mam Klot.
Säit iwwer 15 Joer gëtt et Quiz mam Klot. Wat 2009 als eng witzeg Iddi ugefaangen huet, ass haut e gutt iwwerluechten Konzept fir all Event.
Ob Restaurant, Firma, Associatioun, privat oder ëffentlech Event oder Gemeng, jiddereen kann en Quiz Owend mam Klot buchen.
Wëssen ass ëmmer nach sexy!
All Event ass perfekt organiséiert. Technik a Catering lait beim Organisator. Blieder, Bicer, Froen a Moderatioun beim Klot.
Kloer, gutt formuléiert, ni ze einfach, heiansdo e bëssen ze schwöier. All Owend gëtt manuell opgesat, ganz ouni Templates.
Dee selwechte Standard op all Quiz. Egal ob et fir e groussne oder klenge Public ass.
Et geet ni drëm eng besserwësserech Atmosphère ze schafen. Jiddereen ass wëllkomm, et gëtt ni de Geck mat engem gemaach. De Spaass steet am Virdergrond.
Du gees méi schlau heem
wéi s du komm bass.
Jidderee kann e Quiz organiséieren. Et gi verschidde Formater, ugepasst un de Client. All Quiz gëtt fir säi Publikum a säi Kontext gemaach — lokal, ugepasst, mat Sënn a virun allem Spaass.
E personaliséierte Quiz fir däi Club, Associatioun oder Gemeng.
Custom Quiz-Owender fir Firmen. Froen ugepasst op d'Firma, de Secteur oder d'Equipe. Ideal fir intern Eventer, Clients-Owender, Teambuilding.
Regelméisseg oder Eemoleg Pubquizen. Fir dài Restaurant bedeit dat, méi Léit op rouege Owender. Professionell gehost, komplett organiséiert. E klore Setup.
Gebuertsdeeg, Familljefester, privat Parties. Eng komplett personaliséiert Quiz-Experience fir deng Gäscht. Sur Mesure fir dech!
Old school mat Blieder a Bic. De Quiz gëtt op der Leinwand/Telé presentéiert, an d'Ekippe rätselen zesummen.
Op groussen Eventer, oder do wou alleng gequizzt gëtt kënne mir de Quiz digital maachen. Live Moderatioun an transparent Punkteverdeelung.
Net all Event gëtt ëffentlech publizéiert. D'Promo sou wéi d'Reservatioun vun de Plazen leien an der Hand vum Organisator.
Klassescht Pubquiz-Format. Lëtzebuergesch.
Quiz mam Klot an der Schräinerei. Lëtzebuergesch.
Schreif mir, ganz onkomplizéiert an onverbindlech!
+352 661 38 99 19
Fir séier Ufroen, Datum fixéieren, oder direkt Detailer ofzeklären. Ganz onkomplizöiert..
Op WhatsApp schreiwenklot@qmk.lu
Fir formell Ufroen, Devisen, Press a Partnerschaften.
Eng Mail schreiwen@quizmamklot
Gëff en Deel vun der Community. Wou sinn déi nächst Quizzen? Hei ginn et Äntwerten, awer och Fotoen a Videoen.
Op Instagram Followen